Propositiounen fir Gemengepolitik (Gastbeitrag)

1. Flächendeckend Digitaliséirung

D’Wirtschaft an d’Privatliewen sinn hautzedaachs nëmmen nach durch en gudden Digitalsystem oofhängeg. Eng „gudd“ Machinerie ass an eisem Zeitalter awer nett eng dei mei aal ass wei fënnef oder zing Joer. Am Gemengeroot sollt den Kommunalpolitiker, deen sech
am besten mat Informatik and Technick auskennt en Departement fir Digitaliseierung leeden.

2. Save the seniors

Et gett ze vil Skandaler an respektlosen bis hin zu onmenschleschen Emgang mat den Senioren dei an Alterheem schon virkomm sinn. Och an deenen Luxurieisen; déi sinn Prisoen aus Gold. 2020 hat an engem Altersheem zu Niederkuer nemmen all dretten Senior eng eegen Toilette. Viel vun hienen hunn sech mam Coronavirus ugestach, woubai och Leit gestuerwe sinn.

Senioren sollten dofir aktiviteiten z.B. moolen, bastelen, Sport a.s.w. mat Spillschoulkanner maachen. Exkursiounen sollten sie an Busser maachen an am End vun Daag och Enterteinment kreien. Sie sollten nett mei den Routinen ennerworf sinn. Home Service anstatt Altersheem soll als Faustregel
gëllen an den Home Service soll permanent vun Gemengenbeamten iwwerwart ginn.

3. Mei Klima- an Naturschutz

Déiferdeng, als dei dëttgreisten Gemeng am Lëtzebuerger Land, kann fir all aaner Gemengen en Exempel ginn wei een esou schnell et soll emgoen fir d’existentiell Klimakris ze bekämpfen.

Den Verkaaf vun Solarzellen muss sech multiplizeiren. Et muss méi an den Recyclage investéirt ginn. Pecherten sollten zu Naturschutzpatrouillen emkonverteiert ginn. CO2-Steieren sollten emgesaat ginn. Delinquenen sollten niewend Geldstrofen och ëppes fir den Naturschtz maachen. D’Naturschutzgebidder sollten och ëffentlech verherecht ginn als Plaatzen wou fréier Tagebauten an Minnen woren an elo d’Deieren an Pflanzewelt sech ëremm frai entfaalen können. Umweltbeschmutzungen sollten mei streng sanktioneiert ginn. Fir den Klimaschutz muss och by the way am Rahmen vum Déierenschutz den d’Fleeschindustrie mei Klimafrendlech gemacht ginn: den Konsens ënnert den Klimaexperten ass, dat fir en efficacen Klimaschutz notwendegerweiss och d’Fleeschindustrie reformeiert muss ginn.

4. Streidereien teschend Noperen andämmen

Et gett emmer mei Streidereien tëschend den Noperen. D’Halschend vun den Geriichts-Affären zu Lëtzebuerg faalen ënner desser Kathegorie. Noperschaftsquerellen sinn laang nett mei Privatsaachen well
schon ëmmer mei oft Noperen d’Police geruff hunn fir Saachen dei nett verbueden sinn. Hätt en gewielten Kommunalpolitiker esou ëppes gemacht wier hien direkt zur Demissioun gezwongen ginn.

Den Staat an d’Gemeng muss opassen an sou Straidereien nett problematesch Noperen ongewollt ze ënnerstetzen.

5. Wunengspräisser sollten an meeschten Fäll eng Obergrenz hunn

Am Fall vun den Wunnengpräisser sollten sech mei Leit et sech leeschten eng Wunneng ze hunn oder zu leinen. Wunnen ass e Grondrecht: dess Evidenz ass eleng vun der Notwendechkeet vun der Wunneng beleet.

6. Educatioun soll mei hollistesch an efficace gin

Den Schoulsystem ass nett der moderner Zait ugepasst. Viel Themen an Beraicher fehlen an den Schoulen fir d’Kanner op d’Zukunft an dessen Johrhonnert vierzebereden.

 

Jonathan U. 22. September 2021.

Standard

Hinterlasse einen Kommentar