Statuten vun der Partei „De Gelle Léif“

Kapitel 1: Offiziellen Profil

§1 „De Gelle Léif“ ass eng Kommunalpartei vun Deiferdeng. D’Partei Gelle Léif wärt teschend den Joeren 2023 an 2029 virun allem an der Gemeng Deiferdeng politesch aktiv sinn. Dei Partei „De Gelle Léif“ ass offiziell Ideologiekritesch d.h. pragmatesch an sou gutt et geht ondogmatesch. D’Partei „De Gelle Léif“ bezechent sech net als eng „Vollekspartei“ an vertriet kloer defineiert Gruppen vun der Bevölkerung. Klientelpolitik vun der Partei soll sech nett opgrond vun identiteitspolitesch Kriteren baseiren wei zum Beispiel d’Ethnie, Geschlecht, Relioun an sexuel Orientatioun.

Kapitel 2: Hauptorganer vun der Partei

§2 D’Partei gett geleed vum Parteipräsident. D’Parteimemberen wielen an enger Generalversammlung den Parteipräsident and dei Memberen vum Parteipräsidium. Niewen den Parteipräsident setzen am Präsidium och den Parteisekretär, den Setzungsprotokoller verfasst and „beurkundet“, den Vizeparteipräsident den als Stellvertrieder vum Präsident ageiert and d’offiziell Rieden verfasst, den Trésorier den sech um d’Finanzen vun der Partei kemmert and den Porte-Parole vun der Partei. All Memberen vum Präsidium beroden mam Parteipräsident d’Entschless vun der Partei. Den Parteipräsident kann no der Berodung mat den aneren Memberen vum Präsidium konkret Entschless alleng entscheeden, awer dei grouss Parteilinien mussen vun der Generalversammlung beschlossen ginn. Wann d’Majoriteit vun den Memberen vum Präsidium während der Berodung der Meenung sinn, dat den Präsident geint Richtlinie vun der Partei verstousst hout, dann ass den präsidialen Beschloss ongelteg. Den Sekretär huet d’speziell Roll den Präsidium iwwer d’Statuten an d’Parteiprogramm ze informeiren. Beschlesser vum Parteipräsident an d’Resolutiounen vun der Generalversammlungen an all wichteg Partieinterndokumenter – dei nett finanzieller Natur sinn – sinn enner der Obhut vum Sekretär.

§3 Generalversammlung fennt eemol am Joer statt. Formell fängt d’Generalversammlung mat der Ried vum Parteipräsident oder en Member vum Präsidium un, wou iwwer den Oflaf vun der Versammlung berichtet gett. Den Parteipräsident huet den Viersetz fir Programmdebatten. Dei grouss Linen vun Programm musse ofgestemmt ginn. Den Parteisekretär verfasst den Parteiprogramm mee hien muss sech un d’Resolutiounen vun der Generalversammlung orienteiren. Den Parteipräsident oder och d’Genralversammlung kann eng Rei Beroder mat expertise ernennen fir den Parteisekretär fir Verfassung vun den Detailer am Parteiprogramm ze hellefen. Den Parteiprogramm als Ganzt muss mat enger 2/3 Majoriteit ugeholl ginn. Eenzel Punkten am Wahlprogramm kënnen mat enger einfacher Majoriteit durchgesat ginn. Nodems d’Parteibasis iwwer den Programm an seng Eenzelheeten ofgestemmt huet, muss d’Parteibasis den Parteipräsident an dei aner Memberen vum präsodium an hierer Fontioun bestätegen oder ofwielen. Den Parteipräsident clotureiert d’Generalversammlung mat enger Ried zu der Lage vun der Partei an d’formell Bekräftegung vum Parteiprogramm. Den Programm braucht op mannst zwee Ennerschreften fir bekräfteg ze sinn: dei vum Präsident an dei vum Sekretär.

Kapitel 3: Memberschaft an der Partei

§4 Member vun der Partei muss (a) en Casier judiciare hunn den vierge ass, (b) permanent an der Gemeng Deiferdeng wunnen an (c) prinzipiell mam Parteiprogramm aferstanen sinn.

§5 Et gett vun den Parteimemberen gefoudert, dat sie ihren Kandidat während den Wahlen ennerstetzen. Wann e Member et nett macht droht him als Sanktioun suspensioun vun der Parteimitgliedschaft oder och den Aussschloss aus der Partei.

(Fortsetzung folgt)

Standard

Hinterlasse einen Kommentar