Gëlle Léif: En 10-Punkte-Projet

Fir en aktiven Engagement an der Kommunalpolitik vun Deiferdeng beizedroen, well ech Deel vun der Demokratischer Partei sinn.

Virun allem sinn ech un 10 Themenfelder interesseiert: Naturschutz, Parking an Infrastruktur am Allgemengen, Inflatioun – an dommater och an Verbindung mat der Logementskris, Förderung vun klengen lokalen Geschäfter, IT-Sektor, Noperschaftsproblemer, Secherheet op den Stroossen, Sprochenkueren, Santé an Seniorenpflege. Dei 10 Punkten sinn virun allem op der Gemeng Déiferdeng gewidmet: dofier heescht den Programm och „Gëlle Léif“ well et den Wopendeier vun Déiferdeng ass.

Ech hoffen mat mengen Parteikammeroden vun der DP dei nächst Joeren un denen Punkten ze schaffen an baidroen ze kennen. Och als Privatpersoun ouni Mandat vun den Wieler muss en sech politesch engageiren; d’Demokratie lieft vun der aktiver Participatioun vun der greisster Unzuel. Demokratie ze liewen ass esou gesond fir eng frai Kommunauteit wei Sport fir den Kierper.

Julien Sita, 11. Februar 2023.

Standard

Hinterlasse einen Kommentar